fr | de | en

Casino Luxembourg

Special guided tour

Photo : Casino Luxembourg.

18.3.2018 from 15:00 to 16:00

Konschttraatsch

Während dëser Visite guidée weise mir Iech d'Konscht am Casino, bréngen Iech d'Konschttheorie méi no, ginn iwwerraschend a vill verschidden Ablécker a maachen op spannend Vergläicher mat Architektur, Film an anere Konschtwierker opmierksam. 

Am Kader vun der Ausstellung Theatre of Disorder vum franséisch-lëtzebuergesche Kënschtlerduo Martine Feipel a Jean Bechameil verdéiwe mir virun allem d'Thema ronderëm d'Technik an d'Zukunft, a gesinn wéi eng Verännerungen de Fortschrëtt am leschte Joerhonnert, net nëmmen an der Konscht, mat sech bruecht huet.

No der Visite kënn Dir Iech dann am ca(fé)sino mat engem gudde Stéck Kuch an enger Taass Kaffi stäerken, an Iech d'Konscht nach genësserlech op der Zong zergoe loossen.

Visite guidée op lëtzebuergesch.
Ouni Aschreiwung.
Fräien Entrée. 

images

Photo : Casino Luxembourg.