fr | de | en

Casino Luxembourg

Visite guidée spéciale

© Casino Luxembourg, photo : Sven Becker

20.5.2018 de 16:00 à 17:00

Konschttraatsch

Wärend dëser Féierung weise mir Iech d'Konscht am Casino, bréngen Iech e bësse Konschttheorie méi no, ginn iwwerraschend a vill verschidden Ablécker a maachen op spannend Vergläicher mat anere Konschtwierker opmierksam.

Am Kader vun der Ausstellung CCOOOO vum éisträicheschen Kënschtler Christoph Meier verdéiwe mir virun allem d'Thema ronderëm raumgräifend Installatiounen, Struktur an Architektur, a gesinn wéi eng Verännerungen an den leschte Joerzéngten, net nëmmen an der Konscht, zustane komm sinn.

Während der Visite kënn Dir Iech dann mat engem gudde Stéck Kuch an enger Taass Kaffi stäerken, a Iech d'Konscht genësserlech op der Zong zergoe loossen.

SONNDES 20.05.2018 VUN 16 BIS 17 AUER (OUNI ASCHREIWUNG)

SPROOCH : LËTZEBUERGESCH

GRATIS

MAX. 12 PERSOUNEN

(+352) 22 50 45

VISITES@CASINO-LUXEMBOURG.LU

images

© Casino Luxembourg, photo : Sven Becker