fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

12.2.2008 Les Mardis de l’Art

Les Mardis de l'Art - E schéine Chaos

Mam Nadine Hilbert a Gast Bouschet

D'Kënschtler stellen unhand vu Projektiounen an enger Presentatioun vun hirer Websäit hir aktuell Aarbecht vir. Den Internetsite www.TheTrustFiles.net ass en Netzwierk vu Fotoen, Videofilmer, Toun- an Textfragmenter. Et ass e work in progress, deen d'Faszinatioun vum enregistréierte Bild als Rezeptor an Transformator vu subjektive Wouerechten erëmspigelt. Dem Nadine Hilbert a Gast Bouschet hir Konscht beschäftegt sech mat der déiwer perceptiver Kris, déi eis Gesellschaft duerchzitt, an hannerfreet d'Roll vun der medialer Berichterstattung als objektiv Instanz. Hir Experienzen demonstréieren e politescht a poetescht Engagement mat Multimedia a verbanne visuell Analys an intuitiv Interaktioun zu engem Wierk, dat der Villsäitegkeet an der Ambiguitéit vun der globaler Welt gerecht wëll ginn.

D'Nadine Hilbert an de Gast Bouschet si visuell a konzeptuell Artisten, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, an hier Fotoen, Filmer an Tounaarbechten zënter den 80er Joere während Residenzen an Interventioune weltwäit realiséieren a presentéieren. Hir Aarbechte sinn an iwwer 100 Ausstellunge gewise ginn, ënner anerem am CCA Glasgow (GB), MUHKA Antwerpen (B), Camouflage Johannesburg (ZA), Busan Biennale (KOR), Krinzinger Projekte Wien (A), Luanda Biennale (ANG) an am Casino Lëtzebuerg.

Introduktioun iwwert d'Aarbecht vum Nadine Hilbert a Gast Bouschet vum Konschtkritiker a Kurator Christian Mosar.

images