fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

Jeanine Unsen, Bride 5, 2009.

5.10.2010 Les Mardis de l’Art

Les Mardis de l'Art - Not the girl you’re looking for. Objet a Sujet „Frau“ an der lëtzebuerger Kultur

Am Kader vun der rezenter Publikatioun Not the girl you're looking for - Melusina rediscovered (Éditions Schortgen / Cid-femmes) organiséiert de Casino Luxembourg zesumme mam Cid-femmes eng Podiumsdiskussioun an där déi heite Punkten ugeschwat ginn: Wéi eng Fraebiller weisen zäitgenëssesch KënschtlerInnen? Déi jonk Generatioun vu Frae schénge sech net méi mam Feminismus z'identifizéieren. Ass d'Emanzipatioun iwwerhaapt nach en Thema? Gëtt et eng Fraekonscht a gëtt et nach eng feministesch Konscht? Maache Fraenausstellunge sou wéi elles@centrepompidou iwwerhaapt nach Sënn?

Op all dës an och aner Froe gëtt probéiert an dëser Diskussiounsronn eng Äntwert ze fannen.

Mam: Danielle Igniti, Martine Schneider, Jeanine Unsen, Renée Wagener, Trixi Weis.
Moderatioun: Ines Kurschat

images

Jeanine Unsen, Bride 5, 2009.