fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

Philip Johnson, Glass House, New Canaan, 1949. © Foto: Emmanuel Petit.

17.2.2009 Les Mardis de l’Art

Les Mardis de l'Art - Philip Johnson. D’Tücke vun dem antifundamentalistesche Spill mat der Geschicht

Konferenz mam Emmanuel Petit

Mat dem Entworf vu sengem eegenen Haus (1949) huet den amerikaneschen Architekt Philip Johnson den Dialog mat der Thematik vum Glashaus vu sengem Virbild, dem Ludwig Mies van der Rohe, gesicht. Et entsteet dat villäicht éischt postmodernt Haus, dat sech duerch subtil Differenze vun sengem historesche Virgänger (an Doppelgänger) auszeechent. Mee den Johnson wäit säi Spill mat Referenze schnell aus, an entwéckelt a sengem Park zu New Canaan am amerikanesche Stat Connecticut ee subjektivt a kontemplativt Mémoirëbuch vun europäescher an amerikanescher Konscht an Architektur - vum Malewitsch bis Warhol, a vum Mies bis de Gehry. Iwwert säi Wierken als Architekt eraus definéiert den Johnson sech als een eklekteschen „Symposiarch" vun der Architekturszeen vun der Ostküst, spéitstens säit senger kanonescher Ausstellung The International Style am Museum of Modern Art zu New York. De Virtrag behandelt d'Thematik vun dem reflektiven an dialektesche Spill mat dem syntheteschen „Fundamentalismus" vun dem Moderne Mouvement a Konscht an Architektur, esou wéi d'Problemer vun enger reng ästhetescher Approche an der Konscht.

Den Emmanuel Petit ass Assistenzprofesser op der Yale University, an enseignéiert do Design an Theorie vun der Architektur. Hien huet een Diplom vun der ETH zu Zürech (dipl. Arch. ETH 1998) an ee Master an Dokter an der Architekturtheorie vun der Princeton University (MA 2001; Ph.D. 2006); vun 1999-2005 war hien Assistent vum Architekt Peter Eisenman. Hie war Coorganisateur vun engem Symposium iwwert de Philip Johnson am MoMA zu New York an zu Yale (2006). Hien ass Éditeur vum Buch Philip Johnson: The Constancy of Change (New Haven: Yale Press, 2009).

images

Philip Johnson, Glass House, New Canaan, 1949. © Foto: Emmanuel Petit.