fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

Antoine Prum, Mondo Veneziano, High Noon in the Sinking City, 2005. Still vum 35-mm-Film op Video HD transferéiert. 32 Min. © a Photo: Antoine Prum.

20.11.2012 Les Mardis de l’Art

Les Mardis de l'Art - Si mir just nach do fir schéin ze maachen?

Konferenz mam Christian Mosar.

De Michel Stoffel huet 1947 a sengem Essai Le prestige de la matière dans l'art contemporain geschriwwen dass fir hien d'Praxis vun der Konscht virum Konzept vum Konschtwierk steet. Mat « faire, voir et nommer » huet de lëtzebuerger Moler seng « loi de la création » emschriwwen. An dëser Konferenz geet et ëm d'Fro vun der Form, dem Formalismus, awer och dem Géigegewiicht vum Konzept a vum sozialpoliteschen Engagement vun der Konscht zu Lëtzebuerg, gëschter an haut. Wat heescht et zu Lëtzebuerg als Kënschtler ze schaffen? Produzéiert eist Ëmfeld eng Gefällegkeetskonscht, oder ass do nach eppes anescht? D'Konferenz ass mat ville Beispiller vu fréier a vun haut illustréiert.

De Christian Mosar schafft als Konschtkritiker, Journalist, Ausstellungscommissaire a Fotograf zu Lëtzebuerg. Zanter senge Studien zu Stroossbuerg huet hie sech intensiv mat der Konscht zu Lëtzebuerg ausenanergesat, dat ënnert der Form vun Ausstellungen, Féierungen, Konferenzen, Katalogtexter an Zeitungsartikelen, grad ewéi Radiosémissiounen. Hie war ënnert anerem de Commissaire vum lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg 2009 a Coordinateur vum Kulturprogramm vum lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2010 zu Shanghai.

Um 18.30 Auer. Fräien Entrée.

images

Antoine Prum, Mondo Veneziano, High Noon in the Sinking City, 2005. Still vum 35-mm-Film op Video HD transferéiert. 32 Min. © a Photo: Antoine Prum.