Aller au contenu principal
Eilenger Konschtwierk.jpg

Sérigraphie workshop

Sérigraphie Workshop fir Erwuessener.

Zesumme mat der Éilenger KonschtWierk (ATP a.s.b.l.) proposéiert de Casino iwwer 2 Nomëtteger e Sérigraphie Workshop. Am Kader vun der Ausstellung Resolute - Design Changes an de sozial engagéierte Projete vun den Designer, froe mir Iech „Wéi ee Message wëll Dir an d'Welt droen"? Dënschdes (7.4.2015) maacht Dir zesumme mat eis eng Visite vun der Ausstellung am Casino an entwërft duerno selwer e Logo oder e Slogan mat deem Dir d'Welt wéilt verbesseren.  D'Equipe vum Éilenger KonschtWierk invitéiert eis dann Donneschdes (9.4.2015) bei si an den Atelier, fir dass jidderee säin Entworf op en T-shirt oder e Kuerf kann drécken.

Jidderee kann um Workshop Deel huelen. Et si keng Virkenntnisser néideg.Max. 6 Plazen. Participatioun a Materialkäschten: 30 €.  Umeldung: visites@casino-luxembourg.lu

Workshop

Partager