fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

© Casino Luxembourg.

13.11.2014 à 18:30

Stamminee: Kultur sténkt. Konscht richt no Rousen*

Konscht a Politik: Conventiounen, Subsiden, Résidencen, Kënschtlerstatut...

Et schwätzen:
Sascha Ley, Schauspillerin, Sängerin, Song-writer, Komponistin;
Roland Quetsch, Kënschtler;
Laurent Loschetter, Chef vum Atelier;
Bob Krieps, Premier Conseiller de Gouvernement an Direkter vum Kulturministère;
a Jo Kox, Präsident vun der Focuna.

Moderéiert gëtt den Owend vum Luc Caregari, Journalist a Member vum Comité vun Independent Little Lies.


De Kulturministère kënnegt d'Conventioune mat senge Partnerhaiser fir se nei auszeschaffen. De Kënschtlerstatut soll erneiert ginn an an dem Kontext huet sech eng Kënschtlerassociatioun gegrënnt, déi fir hier Rechter an hiert Wuelsinn antrëtt. Vill Kulturinstitutioune bidde Residenze fir international Kënschtler un. Am Géigenzuch, wéi gutt sinn d'lëtzebuerger Kënschtler am Ausland vertrueden? Finanziell Ënnerstëtzung a Subsiden: déi eng fannen d'Sue ginn zur Fënster erausgehäit. Déi aner fanne si ginn net richteg investéiert an opgedeelt. An nach anerer, fannen dass souwisou alles anescht misst gemaach ginn.

Wat mengt Dir?

Stamminee, eng Diskussiounsronn fir ze lauschteren a matzeschwätze mat Kënschtler a Kulturschafende vun haut.

Fräien Entrée.


* Den Titel ass en Zitat vum Kënschlterkollektiv toitoi.

images

© Casino Luxembourg.