fr | de | en

Casino Luxembourg

Conférence

Fabien Giraud et Raphaël Siboni, La Mesure Louvre, vidéo HD, 2011.

24.4.2014 à 18:30

Stamminee: The unmanned artwork. Oder: gëtt de Kënschtler bis 2045 iwwerflësseg?

Mam Réalisateur an Edward-Steichen-Lauréat Jeff Desom, mat de Kënschtler Gilles Pegel a Filip Markiewicz, dem Toxkäpp-Sänger, Kënschtler a Réalisateur Frank Yvan, dem Ben Bauler an dem Gérard Kraus vun der Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg, der Fotografin Natacha Wagner vum Day Center vun der Ligue HMC, der Directrice vun der Abtei Neimënster Ainhoa Achutegui, an aneren.


An Zäiten, wou Kameraë mat Autofokus quasi selbststänneg schaffe kënnen, Biller per Mausklick vum Computer manipuléiert ginn, am Internet eng Hellewull sougenannt tutorials fir d'Realiséiere vu Konschtwierker ze fanne sinn, Konschtausstellunge vu Robotere pilotéiert ginn, an den 3D-Printer hausgemaachten Design erméiglecht, stellt sech d'Fro no der Zukunft fir d'Konscht a virun allem fir d'Kënschtler. Wat fir en Afloss huet d'Technik op de kreative Prozess? Doriwwer schwätze mir mat Kreativen a Konschtinteresséierten.

Den Diskussiounszyklus Stamminee ass oppe fir jiddereen, deen den direkten Austausch am Gespréich sicht an un déi positiv Niewe- an Nowierkunge vun enger Sträitkultur zu Lëtzebuerg gleeft.

Fräien Entrée.

partenaires

La série de débats publics Stamminee bénéficie du soutien de L'OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte (ONS).

Organisé dans le cadre des Journées du Livre et du Droit d'Auteur.

images

Fabien Giraud et Raphaël Siboni, La Mesure Louvre, vidéo HD, 2011.