|
CHILDREN'S WORKSHOPS ON SATURDAYS
Workshops for children between 6 and 12 years furthering children's creativity and artistic practise in relation to the ongoing exhibitions.
Every Saturday at 3 p.m.
Duration: 2 hours
Admission: 5.00 € / Free for KannerKonschtPass holders
Min. 3 / Max. 12 children per workshop
Please book in advance. Contact Anne Reding by T (+352) 22 50 45 or via e-mail visites@casino-luxembourg.lu
KannnerKonschtPass 28 January 2012 - 22 April 2012 : pdf...
Samschden, de 4. Februar 2012
vu 15-17 Auer
Gibt den Outsidern das Kommando!
mam Katie op Lëtzebuergesch
En Outsider ass net ewéi déi aner: e gesäit anescht aus, en huet aner Interessen, e schwätzt anescht, en ësst aner Saachen... Mä wat ass dann elo méi langweileg? Anescht ze sinn, oder ze sinn ewéi all déi aner? Komm mir lancéieren en neien Trend: alles wat out war gëtt elo mega cool! Bréng eng oncool Saach mat an den Atelier, maach eppes cooles Neies doraus a stell dann däin neien Trend deenen anere Kanner vir!
Samedi 11 février 2012
de 15-17 heures
Autoportrait
avec Michelle en français
Dans le cadre de cette exposition, les sœurs jumelles L.A. Raeven nous font découvrir leurs autoportraits. Dans la vidéo A Dream, l’une d’elles est grande et élégante, l’autre est petite et se déplace en béquilles. Dans Love Knows Many Faces, les deux s’aiment et se détestent. De notre côté, ce sera l’occasion de faire notre autoportrait ! Et comment ? En peinture, en taille et en mesure !
Samschden, den 18. Februar 2012
vu 15-17 Auer
Multiple-Me
mam Tom op Lëtzebuergesch
Bass du e Meedchen, e Jong, schéin, ellen, grouss, kleng, deck, dënn, rosa, giel oder villäicht gréng? Firwat soll ee sech iwwerhaapt festleeën? Beim Tom am Atelier ass een einfach alles!
Samschden, de 25. Februar 2012
vu 15-17 Auer
You are beautiful
mam Katie op Lëtzebuergesch
Zesumme kucke mir eis d’Ausstellung vum Liesbeth an Angelique Raeven un a schwätzen driwwer wat fir eis alles schéin ass oder net. Sinn eis Virstellunge vu Schéinheet déi nämlecht ewéi den Zwillingsschwësteren hir oder net? Un Hand vun Zeechnunge vun eis selwer probéiere mir déi Saachen ervirzehiewen, déi mir schéi fannen. Jiddereen ass schéin, op seng Aart a Weis.
Samschden, den 3. Mäerz 2012
vu 15-17 Auer
Liewenslaf eemol anescht
mam Neckel op Lëtzebuergesch
Wéi grouss ass däi rietsen Aarm? Wéi eng Faarf hunn deng Aen? An dësem Atelier hëlt jidderee säi Kierper ganz genau ënnert d’Lupp a stellt en Zeeche-Foto-Liewenslaf-Buch zesummen, inspiréiert un den Aarbechte vun de Geschwëster Raeven.
Samedi 10 mars 2012
de 15-17 heures
Un peu de toi et de moi projeté sur Mars
avec Michelle en français
Inspiré par l’œuvre de Daniel Jacoby, chaque enfant va créer sa propre boîte à trésors, tout en or et destinée à être projetée sur Mars ! D’abord, nous fabriquons les objets et les images qui seront mis dans les boîtes : livre, film, passe-temps ou plat préféré… Ensuite, nous découvrons ce que chacun a mis dans sa boîte, et qui sait, peut-être veux-tu échanger un de tes trésors contre un de ton voisin ?
Samschden, de 17. Mäerz 2012
vu 15-17 Auer
Pantomim
mam Laura op Lëtzebuergesch
Haut gëtt net gebastelt. Haut gëtt Pantomim an Theater gespillt. Eisen Ausgangspunkt sinn d’Wierker vun L.A. Raeven. Wéi kann ech mech selwer virstellen ouni Wierder ze benotzen? Wéi kann ech engem ze verstoe ginn, dass ech frou mat him sinn, ouni eppes ze soen? Wéi weisen ech dass ech gären eppes hätt, ouni et ze beschreiwen? Wéi kann ech schwätzen ouni ze schwätzen?
Samschden, de 24. Mäerz a Sonndes, de 25. Mäerz 2012
vu 14-17 Auer
gratis, maximum 10 Plazen
POP-UP
Am Kader vu L’Invitation aux Musées
mam Muriel Moritz a mam Dominique op Lëtzebuergesch
E Pop-up? Wat ass dat dann? Villäicht hues du souguer schonn een doheem!?
E Pop-up verstoppt sech an engem Buch oder enger Kaart. E faalt sech auserneen oder e wibbelt hannert de Säiten. Heiansdo muss een zéien oder dréien oder drécken oder mol eng Fënster opmaachen...
Mir molen a bastelen haut zwee einfach a flott Pop-upen a pake se och nach an eng Geschicht an an e Buch, dat s du zum Schluss mat heem hëls.
Samschden, den 31. Mäerz 2012
vu 15-17 Auer
Luxembourg’s next Topmodel
mam Tom op Lëtzebuergesch
Wäers du net och gären esou schéin ewéi d’Topmodellen um Fernseh? Ma dat ass guer kee Problem! Mir sichen dir déi schéinsten Aen, dee flottste Mond, déi zackechste Been, pechen alles zesummen an eraus kënnt den ideale Mënsch. Oder? Klappt do éieren eppes net?
Samedi 7 avril 2012
de 15-17 heures
Mon jumeau et moi
avec Sébastien
en français
On dit que les jumeaux se complètent. Liesbeth et Angelique Raeven font l’exemple : l’une est sûre d’elle, l’autre dessine beaucoup, l’une est petite et l’autre est chaotique. Et toi, comment tu t’imagines ta sœur jumelle ou ton frère jumeau ? Dans l’atelier tu la/le mettras en images.
Samschden, de 14. Abrëll 2012
vu 15-17 Auer
En Déier
mam Laura op Lëtzebuergesch
L.A. Raeven sinn heiansdo staark, schwaach, grouss, kleng, moer, dënn, krank, gesond... An du? Wéi bass du? Bass du esou staark ewéi e Bier? Esou tapfer ewéi e Léiw? Esou geheimnisvoll ewéi eng Kaz? Heiansdo wär ee gären eppes anescht. Heiansdo wär ee gären en Déier oder e Fantasiedéier. Mir bastelen eis haut aus Fimo selwer als Déier. Duerno erziele mir firwat, dass mir grad gären dat Déier wären a wat eis esou gutt u senge Schwächten a Stäerkte gefält.
Samschden, den 21. Abrëll 2012
vu 15-17 Auer
De Leporello
Am Kader vun der Journée Internationale du Livre
mam Stina Fisch op Lëtzebuergesch
De Leporello ass e Buch dat s du opfaals ewéi eng Zieharmonika. Du faals an dësem Workshop däin eegene Leporello. D’Stina weist dir verschidde Systemer mat deenen s du Figuren, Zeechnungen a Geschichten iwwert d'Säite kanns entstoe loossen.
HOLIDAY WORKSHOPS
During the school holidays, the educational department organises thematic workshops to awaken children's interest for contemporary art and encourage them to develop their own artistic projects.
For children between 6 and 12 years
Duration: 2 x 3 hours
Admission: 12.00 € / 10.00 € for KannerKonschtPass holders
Min. 3 / Max. 12 children per workshop
Please book in advance. Contact Anne Reding by T (+352) 22 50 45 or via e-mail visites@casino-luxembourg.lu
Mëttwoch, den 22. an Donneschden, den 23. Februar 2012
Ech gesinn eppes wat s du net gesäis...
mam Dominique op Lëtzebuergesch
Stell dir vir, et géinge keng Spigele ginn. Wéisst du da wéi deng Nues géing ausgesinn? Am Atelier probéiere mir eist Gesiicht mat den Hänn ze ertaaschten an d’Formen déi mir fillen op eis Skulptur ze iwwerdroen. Esou entsteet an deenen zwee Deeg e ganz eegene Büst (dat ass eng Skulptur vum Kapp bis bei d’Schëlleren) aus Lehm.
Mëttwoch, den 4. an Donneschden, den 5. Abrëll 2012
Gloubi-Boulga Kachprofi!
mam Leo op Lëtzebuergesch
De Casimir, e klengen Dinosaurier, ass deen eenzegen dee Gloubi-Boulga kann iessen. Et ass och säi Liiblingsiessen. A wat ëss du am léifsten? Zesumme kucke mir wat mir gären hunn a probéiere mat all deene Saachen dem Casimir e gutt a gesond Iessen ze maachen. Net richteg op der Kachplack, mä mat Faarf, Pabeier, Bild an Toun. Herno kritt jidderee säi Kachvideo heem geschéckt.
BIRTHDAYS FOR CHILDREN / KANNERGEBUERTSDEEG
Celebrate one’s birthday at Casino Luxembourg ?! That’s a good idea !
You have the occasion to introduce your children and their invited friends to contemporary art shown in the exhibitions at Casino Luxembourg. Experience contemporary art as adventure thanks to a lively guided tour, which will be followed by a practical workshop in relation to the exhibited works. The party goes on with a birthday feast amongst friends.
The Casino Luxembourg organises from Monday to Friday
BIRTHDAYS FOR CHILDREN
in Luxembourgish, German, French, English (according to the availability of the guides)
Duration: 2 h 30
Prize: 160.00 €
Max. 12 children (6-12 years)
Please book in advance. Contact Anne Reding by T (+352) 22 50 45 or via e-mail visites@casino-luxembourg.lu
KANNERGEBUERTSDEEG
vu Méindes bis Freides;
op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
(souwäit d’Guiden disponibel sinn);
Dauer: 2 an 1/2 Stonn;
Präis: 160.00 €
Min. 3 / Max. 12 Kanner (6-12 Joer)
Reservatiounen beim Anne Reding um T (+352) 22 50 45 oder per e-mail visites@casino-luxembourg.lu
|