|
ATELIERS DU SAMEDI
Les visites-ateliers permettent
aux enfants de 6 à 12 ans de découvrir
de manière ludique l'exposition en cours.
L'atelier donne l'occasion aux enfants de développer
leurs idées et leur créativité tout
en s'exprimant à l'aide d'une technique déterminée
par l'animatrice de l'atelier.
Tous les samedis à 15 h 00 ; durée : 2 h
Participation : 5,00 € / Gratuit avec le KannerKonschtPass
Min. 3 / Max. 12 enfants
Réservation par T (+352) 22 50 45 ou par e-mail
KannerKonschtProgramm
du 1er mai au 5 septembre 2010
pdf...
du 25 septembre 2010 au 8 janvier 2011
pdf...
Saturday 4 September 2010
at 3 p.m.
Shall we play?
with Cristina in English
This is not a Casino! This is not a museum! What is it then? This is a place where you can play with words, metaphors, rhymes, characters, poems, stories and dialogues... This is a literary workshop!
Inspired by the art works of the exhibition, we will play with imagination and create funny stories and wordplays.
Samschden, de 25. September 2010
vu 15-17 Auer
Che casino!
mam Neckel op Lëtzebuergesch
Ass haut alles spigelverkéiert oder wat? De Spigel kënnt dacks
am Bruno senger Konscht vir, an dofir setze mir eis haut och mat
engem Spigel auserneen. Mir kucken eis awer net selwer dran, mä
mir ännere mat him eise Bléck op eist Ëmfeld. Mir inspiréieren eis
u verschiddene Skulpturen a spigelverkéierten Texter vum Bruno
a probéieren da selwer eisen neie Bléckwénkel mat Faarwen,
Schablounen a Pinsele festzehalen. Wat e kreative Chaos!
Samschden, den 2. Oktober 2010
vu 15-17 Auer
Vu riets no lénks, vun ënnen no uewen, vun hannen no vir
mam Christine op Lëtzebuergesch
Genau dat maache mir haut! Mir dréinen alles op d’Kopp! Mir
spille mat Buschtawen, Zeechen an Zuelen, dréine se d’ënnescht
an d’iewescht a kucke wat een Neies doraus bastelen, molen a
soss nach maache kann!
Samschden, den 9. Oktober 2010
vu 15-17 Auer
Somewhere over the rainbow
mam Diane op Lëtzebuergesch
Ee Reebou huet vill Faarwen. Aus wéi engen hie genau besteet
an zu wéi enger spezieller Faarf sech déi Reeboufaarwe kënnen
zesumme mëschen, kucke mir eis haut un. All Faarf huet och eng
ganz bestëmmte Bedeitung a léist eng bestëmmte Stëmmung
aus. Méi doriwwer léiere mir mam Bruno senge Wierker an
experimentéieren duerno natierlech selwer mat de (Reebou)
Faarwen!
Samedi 16 octobre 2010
de 15-17 heures
Les princes et princesses
de Sérendip
avec Cristina en français
Où se trouve Sérendip ? Et qu’est-ce qu’une sérendipité ?
Tu le découvres en explorant l’exposition de Bruno Peinado.
Comme les princes (et princesses) de Sérendip, tu te lances
dans l’aventure. À la fin de l’atelier, tu vas témoigner de tes
découvertes inattendues, faites au gré du hasard et de la vivacité
d’esprit, dans un carnet de voyage extraordinaire…
Samschden, den 23. Oktober 2010
vu 15-17 Auer
Mat den Indianer danzen
mam Christine op Lëtzebuergesch
Wat net méiglech ass gëtt an dësem Atelier méiglech. Mat
Pabeier, Schéier, Faarf a Fantasie loosse mir zum Beispill
d’Indianer ronderëm Tetrisbléck danzen, wunne mat hinnen
a Kaartenzelter a reiden duerch den onendleche Raum. Do
kommen Naturgewalten zum Virschäin, Sonnen explodéieren a
ganz Galaxieën verschwannen a schwaarze Lächer.
Samschden, den 30. Oktober 2010
vu 15-17 Auer
Errorschaar
mam Michelle op Lëtzebuergesch
Esou nennt de Bruno Peinado de Rorschachstest. Mä wat ass
dat da genau? Mat Waasserfaarwe wäerte mir haut eis eegen“Errorschaarskaarte” bastelen. Wat gesäis du an deene Flecken?
Halloweengeeschter, Gespenster oder Hexen? Looss denger
Fantasie fräie Laf!
Samschden, de 6. November 2010
vu 15-17 Auer
Dreamcatcher
mam Christine op Lëtzebuergesch
Weess du wat en „Dreamcatcher“ ass? Wann net an du bass
awer virwëtzeg, da komm laanscht a fann et eraus. Mir bastelen
haut ee ganz speziellen!
Samedi 13 novembre 2010
de 15-17 heures
Vers l’infini !
avec Loréna en français
Du papier, de la colle et des ciseaux, c’est tout ce qu’il te faut
pour réaliser un jeu de construction amusant que tu pourras
faire, défaire et refaire... à l’infini !
Samschden, den 20. November 2010
vu 15-17 Auer
Spieglein, Spieglein an der Wand?
mam Diane op Lëtzebuergesch
Dee Sproch kenne mir aus dem Mäerchen, an am Spigel kucke
mir eis all Dag selwer. Déi meeschte Spigelen hänken op enger
Mauer: am Buedzëmmer, am Gank, an der Kummer... Mat Spigele
kann een awer méi maache wéi se ophänken a sech dra kucken.
Zesummen entdecke mir dem Bruno seng „Zauberspigelen“ am
Casino a probéieren ob mir selwer och esou ee gebastelt kréien.
Samschden, de 27. November 2010
vu 15-17 Auer
Serendipity
mam Neckel op Lëtzebuergesch
Mam Fotoapparat erfuersche mir déi eng oder aner Skulptur vum
Bruno. Wie weess wat do alles entstoe wäert? Mir loossen eis
iwwerraschen a ganz vun der Magie vun de Wierker verzauberen.
Herno kanns du op de Fotoen och jidderengem weise wat s du
erlieft hues!
Samschden, de 4. Dezember 2010
vu 15-17 Auer
Silhouettentheater
mam Diane op Lëtzebuergesch
Ee Schied ass en däischteren Ëmrëss am hellen. Dat kann
onheemlech sinn, mä awer och spannend! Wiem säi Schied ass
et? Wéi gesäit dee Schied aus? A wéi kënnt en dohinner? Fir
Schied ze kréie brauch ee Luucht. Mir spille mat dësen zwee
Elementer – Luucht a Schied – esou wéi de Bruno et och scho
mol gemaach huet, an halen an engem Silhouettentheater eis
eegen Ëmrësser fest.
Samedi 11 décembre 2010
de 15-17 heures
Atelier surprise
avec Loréna en français
Pour voir les nouvelles œuvres que Bruno a réalisées, il faut
venir au Casino ! Pour savoir ce qui se passera cet après-midi,
il faut venir à l’atelier ! Un programme qui te réserve bien des
surprises !
Samschden, den 18. Dezember 2010
vu 15-17 Auer
Chrëschtdagskëscht
mam Michelle op Lëtzebuergesch
Ding, ding, ding! Chrëschtdag steet virun der Dir! Haut
gi mir duerch d’Ausstellung a sammelen Ideeë fir eiser
Chrëschtdagskëscht eng eege Form ze ginn. Eng (Disco)Bull?
Eng Pyramid? Oder e (Rubiks)Wierfel?
Saturday 8 January 2011
from 3 to 5 p.m.
Surfin’ Peinado’s world
with Cristina in English
Guess what? It is possible to Surfin’ Casino! Oh yeah! Visiting the
exhibition devoted to Bruno Peinado, you will understand what
surfing has to do with art and what art has to do with surfing.
You will make your own “Artboard” during the workshop! So
let’s go surfing…
ATELIERS DE VACANCES
Pendant les congés scolaires, le service des publics
organise des ateliers à thème dont le but est d'éveiller
l'intérêt des enfants pour la création
contemporaine et de les encourager à réaliser leurs
propres projets artistiques.
Pour enfants de 6 à 12 ans
Durée : 2 x 3 h
Participation : 12,00 €, 10,00 € avec le KannerKonschtPass
Min. 3 / Max. 12 enfants
Réservation par T (+352) 22 50 45 ou par e-mail
Mëttwoch, den 3. an Donneschden, de 4. November
2010
vu 14.30-17.30 Auer
Komm, sief och ee Kameleon!
mam Neckel op Lëtzebuergesch
De Bruno Peinado inspiréiert sech um goteschen an och um
minimalistesche Stil: hien interesséiert sech fir Graffiti, Design,
Skate, Surf, Punk... Mat all deene Saache mécht de Bruno nei
Biller: hie schafft mat hirer Faarf, hirem Material an hirer Form.
Hien zerschneit, analyséiert, dréint ëm, vermëscht, verbënnt an dat ëmmer op eng ganz witzeg Aart a Weis! Loscht kritt am Bruno seng
Welt eranzetauchen? Wa jo, da komm mir maachen him et no!
Mëttwoch, den 29. an Donneschden, den 30. Dezember
2010
vu 14.30-17.30 Auer
Portrait Pop-up!
mam Lena op Lëtzebuergesch
Eist Ausgesinn ass eis wuel bekannt. Wa mir eis am Spigel kucken
erkenne mir direkt déi gewinnte Formen. Haut dréine mir dat alles
op d’Kopp. Mat Hëllef vum Bruno senge Wierker, verwandels du
dech an eng Figur déi all Grenze sprengt.
ANNIVERSAIRES POUR ENFANTS
Fêter son anniversaire au Casino ? Une idée originale !
C’est l’occasion de permettre à votre enfant et aux copains invités de découvrir les expositions du Casino Luxembourg, et de s’aventurer dans le monde de l’art contemporain grâce à une visite animée des expositions. La visite se poursuivra par des travaux pratiques dans un atelier d’expression artistique en relation avec les œuvres présentées ; la fête se prolongera ensuite par un goûter entre amis.
Du lundi au vendredi en luxembourgeois, allemand, français et anglais
(dans la limite de la disponibilité des guides)
Durée : 2 h 30
Prix : 160,00 €
Max. 12 enfants (6-12 ans)
Réservations par T (+352) 22 50 45 ou par e-mail
|