Visite guidée pour enfants par Anne Morheng
Casino Luxembourg, 2008

 

Programme pEdagogique
 


Free-lance Médiateure gesicht
De Service des Publics vum Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain sicht free-lance-Guidë fir Atelieren a Visiten am Kader vun de lafenden Ausstellungen ze maachen. De Publikum besteet haaptsächlech aus Schoulklassen (Grondschoul a Lycée) an anere Gruppen. D’Guidë solle virun allem an der Woch disponibel sinn.

Erwënschte Profil:
- Formatioun an der Konschtgeschicht oder Arts plastiques
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All aner Sprooch ass vu Virdeel.
- Erfahrung als Médiateur an/oder am Beräich vun der Kannererzéiung

Déi Persounen déi interesséiert sinn, kënnen hir Kandidatur (CV a Lettre de motivation) u folgende Kontakt schécken:
Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain
Anne Reding
41, rue Notre-Dame
B.P.345
L-2013 Luxembourg
E-Mail: visites@casino-luxembourg.lu


L'information et la sensibilisation du public et notamment du public scolaire étant au centre de ses préoccupations, le Casino Luxembourg a mis sur pied un programme qui permet aux groupes de l'enseignement préscolaire, primaire et secondaire d'appréhender une exposition et l'art contemporain en général.
Pour plus d'informations : T (+352) 22 50 45 ou par e-mail :
visites@casino-luxembourg.lu




JONK BESETZUNG

Ateliers de vacances pour enfants et adolescents avec exposition in progress des travaux à la Galerie l’Indépendance de Dexia BIL.
(pdf)

Le Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain et Dexia BIL organisent conjointement du 19 juillet au 17 septembre 2010 le programme éducatif Jonk Besetzung. Il s’agit de trois ateliers pour enfants et d’un atelier pour adolescents qui ont lieu dans la période du 19 juillet au 13 août 2010 et qui sont suivis de l’exposition Jonk Besetzung à la Galerie l’Indépendance de la Dexia BIL du 16 août au 17 septembre 2010. Les ateliers s’adressent, de manière individuelle, aux enfants de 6 à 12 ans et aux adolescents à partir de 12 ans.

Les ateliers ont lieu au Casino Luxembourg, au Park Heintz et/ou dans la Galerie l’Indépendance (Siège Dexia BIL, au 69, route d'Esch à Luxembourg). Le premier jour de chaque atelier, les participants visitent soit l’exposition Ceci n’est pas un Casino au Casino Luxembourg, soit la collection de sculptures du Parc Heintz. Les jours suivants, ils travaillent dans la Galerie l’Indépendance. Le dernier jour est consacré à l’accrochage des oeuvres dans la Galerie l’Indépendance ; il se termine par une présentation au public (parents, amis …) sous forme de mini-vernissage.


Programme détaillé :

Ateliers : 19.7. – 13.8.2010
Exposition : 16.8. – 17.9.2010


3 ateliers pour enfants

« De Roulot’ograhpe a seng Skulpturen »
Avec la photographe Neckel Scholtus.
Atelier pour enfants de 6 à 12 ans (L, F).
Du lundi 19 juillet au vendredi 23 juillet 2010, de 14 h 00 à 18 h 00 (5 après-midis). Min. 3, max. 12 participants / participation : 70 €, 60 € avec le KKP*.
www.roulotographe.lu

De Roulot’ographe ass ee risege Fotoapparat – sou grouss ewéi eng Roulotte – an deen een eraklammen a mat deem ee Fotoe maache kann. Et ass awer och e Fotoslabo(ratoire) wou ee seng Fotoen, déi ee mat Kartongs- a Blechekëschte gemaach huet selwer entwéckele kann! Mir maachen e Fotosrallye duerch de Park Heintz vun der Dexia BIL: do fotograféiers du d’Skulpturen eemol op eng méi drolesch an experimentell Manéier. Duerno entwéckels du da selwer deng Fotoen am Roulot’ographe.
An Zesummenaarbecht mat jusquici asbl.


« Dadasafari »
Avec l‘artiste Nadine Johanns.
Atelier pour enfants de 6 à 12 ans (L, F).
Du lundi 2 août au vendredi 6 août 2010, de 14 h 00 à 18 h 00 (5 après-midis).
Min. 3, max. 12 participants / participation : 70 €, 60 € avec le KKP*.

Esou wéi d’Dada Kënschtler virgaange si fir hir Dada Collagen ze maachen, erfuersche mir de Park Heintz vun der Dexia BIL. Mir versichen ze verstoe wat eis d'Kënschtler mat hire Wierker wëlle soen. Den éischten Dag maache mir eng Fotossafari duerch de Park an notéieren eis Ideeën. Den zweeten Dag probéiere mir eis Fundstécker zesummen ze bréngen andeem s mir si a Form schneiden an zesummepechen. Den drëtten Dag verwandele mir alles mat vill Faarf a ville Formen an e Bild. De véierten Dag maache mir eist Wierk prett fir den « Accrochage » an denken eis e klenge passenden Text derzou aus. De fënneften Dag gëtt eisen Dada Collage Deel vun der Ausstellung Jonk Besetzung an der Galerie l’Indépendance. Treffpunkt ass all Dag um 14 Auer an der Galerie l’Indépendance vun der Dexia BIL.


« Super video game boys and girls »

Avec Lena Van den Kerchove, étudiante en arts visuels.
Atelier pour enfants de 6 à 12 ans (L, F).
Du lundi 9 août au vendredi 13 août 2010, de 14 h 00 à 18 h 00 (5 après-midis). Min. 3, max. 12 participants / participation : 70 €, 60 € avec le KKP*.

Wann ee Videosspiller spillt, versetzt ee sech komplett an eng aner, spannend Welt. Inspiréiert un de Wierker aus der Ausstellung Ceci n’est pas un Casino, erfënns du fir d’éischt mat Skizzen deng eege Figur, déi ganz anescht ass wéi alleguer di normal Helden déi mir soss aus de Videosspiller kennen. Wann s du déi perfekt Figur entworf hues, mools du si mat Pinsel a vill Faarf op. Du setz si an e Kontext, gëss hir eng Aufgab an décidéiers wéi si hir Roll ze meeschteren huet. Da spills du d’Roll vun denger Figur wéi am Theater eemol duerch. Bass du prett fir dës Missioun? Treffpunkt ass den 1. Dag um 14 Auer am Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain, di aner Deeg treffe mir eis direkt an der Galerie l’Indépendance vun der Dexia BIL.


1 atelier pour adolescents

« Ceci n'est pas une roulotte »
avec la photographe Neckel Scholtus.
Atelier pour adolescents à partir de 12 ans (L, F).
Du lundi 26 juillet au vendredi 30 juillet 2010, de 14 h 00 à 18 h 00 (5 après-midis). Min. 3, max. 16 participants / participation : 70 €
www.roulotographe.lu

Du interesséiers dech fir Konscht a Fotografie? Du waars nach ni an engem Fotoapparat!? Du hues nach ni mat enger Schongkëscht oder Kaffisdous Fotoe gemaach!? An och nach ni selwer Fotoen entwéckelt!? Dann ass dësen Atelier genau dat richtegt fir dech! Mir fänken u mat engem Abléck an d’zäitgenësseg Konscht, méi präzis an d’Ausstellung Ceci n'est pas un Casino. Do dréit sech alles ëm d’Spill, mä awer och ëm d’Frustratioun net spillen ze kënnen. Jidderee geet vun enger Iertumssituatioun aus an där ee mengt et wier eppes wat net ass. Mat e puer Tricker méchs du dann duerno Fotoen an deenen dem Betrachter eppes virgemaach gëtt wat net ka sinn. Direkt nodeems dës Fotoe gemaach sinn, entwéckels du se selwer am Roulot’ographe, deem mobile Fotoapparat a Fotolaboratoire.
Treffpunkt ass den 1. Dag um 14 Auer am Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain, di aner Deeg treffe mir eis direkt an der Galerie l’Indépendance vun der Dexia BIL. Breng w.e.g. deng Këscht mat!
An Zesummenaarbecht mat jusquici asbl
.




* Le KKP – KannerKonschtPass du Casino Luxembourg est un laissez-passer pour enfants de 6 à 12 ans. Il permet aux enfants de participer gratuitement aux ateliers les samedis après-midis de 15 h 00 à 17 h 00 au Casino Luxembourg. Il coûte 25 € et est valable 1 an à partir de la date d’acquisition.

Informations et réservations au T. (+352) 22 50 45 ou par e-mail
visites@casino-luxembourg.lu.






Ateliers pour enfants

© Casino Luxembourg

Ateliers pour adolescents

© Casino Luxembourg et Elvire Bastendorff