Direkt zum Inhalt

Renconter mam Peggy Wurth, Costumière

D'Peggy Wurth ass Kostüm- a Bühnebildnerin. Si huet zu London studéiert a schafft vun 2003 un zu Lëtzebuerg. Zanter hier huet si erfollegräich zu villen Theaterstécker a Kinosproduktioune bäigedroen. Mir treffen si am Fundus vum Groussen Theater an der Hollerecher Strooss. Op dëser spezieller Plaz léist si eis hannert d'Kulisse kucken, weist eis Kostümer an erzielt vu hirer ofwiesslungsräicher a kreativer Aarbecht.

Info:D'Renconter fënnt statt am Kader vum Rachel Maclean senger Videoausstellung am Casino. De Rendez-vous ass awer direkt op der Plaz.

Reservatioun iwwer T (+352) 22 50 45 oder visites@casino-luxembourg.lu Max. 10 Leit Participatioun: 5 €Op lëtzebuergesch.

Verschiedenes

Teilen