fr | de | en

Casino Luxembourg

AutreMusique

© Bamhaus.

24.11.2015 à 18:00

Renconter mam Ben Barnich, Sounddesigner an -ingénieur

D'Bamhaus zu Dummeldeng ass eng Plattform fir eng ganz Grupp kreativ Leit: hei fënnt ee Kënschtler, Grafiker, Webdesigner, Videoproduzenten, Iwwersetzer, Designer, Tountechnicker... A bei deene lescht genannten, däerfe mir e Bléck an de Studio werfen!

De Ben Barnich, Soundingenieur an -technicker vun der B.A.M. s.à.r.l., begréisst eis op der Plaz, erkläert eis wat et alles esou mam Toun op sech huet a gëtt konkret Explikatiounen zu Audioeffekter a "Plug Ins".

D'Iddi fir dës Renconter ass entstanen am Zesummenhang mat den Tounschnëtter am Rachel Maclean senge Videoen aus der Ausstellung Ok, You've Had Your Fun am Casino.
Treffpunkt ass am Bamhaus, rue de la Cimenterie, zu Dummeldeng um Arcelor Mittal Site.

Info:
Reservatioun iwwer T (+352) 22 50 45 oder visites@casino-luxembourg.lu
Max. 10 Leit
Participatioun: 5 €
Op lëtzebuergesch

images

© Bamhaus.