fr | de | en

Casino Luxembourg

AutreFilm

Bernard Michaux.

22.10.2015 à 18:30

Renconter mam Bernard Michaux, Filmproduzent

De Bernard Michaux huet 2006 Lucil Film, eng lëtzebuergesch Produktiounsfirma, gegrënnt. Hei produzéiert hien Kuerz- a Kinosfilmer fir den internationale Marché. Hie schafft zesumme mat engem talentéierte Grupp vu lokalen a regionale Regisseuren, Dréibuchauteuren, Schauspiller, Techniker... Mat senger Aarbecht wëll hie virun allem kreativ a spannend Geschichten erzielen. Zanter 2015 schafft Lucil Film zesumme mat Samsa Film.

Am Kader vum Rachel Maclean senger Videoausstellung am Casino, verzielt de Bernard Michaux vu senger Aarbecht, de Filmer a Geschichten, a beäntwert all méiglech Froen.

Op lëtzebuergesch.

images

Bernard Michaux.