Conférence
26.3.2015 à 18:30
Stamminee: Konscht an Design: net just dat, no wat et ausgesäit!
Mat den Invitéeën:
Lynn Schammel, Designerin
Jean-Paul Carvalho, Architekt an Designer
Serge Ecker, 3D Designer a Kënschtler
Pascal Piron, Kënschtler
Moderatioun:
Jan Glas, Designer, Manager an Enseignant
Konscht an Design spillen an der Ästhetik vum Alldag ëmmer eng méi grouss Roll. Si ginn a ville Beräicher zu ëmmer méi engem wichtegen Thema an hunn d'Kraaft Massë vu Leit fir ee Wierk oder e Produit ze begeeschteren - an déi dann och zum Kaf ze bewegen.
Mä kann dës Muecht, ausser Trends a Prestige, och Iddien a Wäerter vermëttelen? Kënne Konscht an Design net just schéi maachen, mä och fir sozial-kritesch Meenunge stoen? Wéi kommunizéiere Kënschtler an Designer haut hire Message? Fir wat, wien a wou wëlle si sech iwwerhaapt engagéieren an ausdrécken? A wéi staark ass den Impakt?
Stamminee, eng Diskussiounsronn fir ze lauschteren a matzeschwätze mat Kënschtler an Designer vun haut.
Organiséiert am Kader vun der Ausstellung Resolute - Design Changes.
Fräien Entrée.
images

© Jean-Christophe Massinon.