Skip to main content
Mary-Audrey Ramirez – Forced Amnesia, vue de l’exposition. Casino Luxembourg, 2024. Photo : Alwin Lay

KI an Konscht

Eng philosophesch Konferenz mam Dr.phil Nora Schleich

am Kader vun der Ausstellung Forced Amnesia vum Mary-Audrey Ramirez

Kënschtlech Intelligenz als Kënschtler?
Ass een Algorithmus am selwechte Sënn schaafend wéi e Mënsch?

D’Technologie huet gewalteg Entwécklungen duerchgemaach, an och d’kreatiivt Produzéieren ass heivun net ausgeschloss. Wou et bei der Musek nach wéineg iwwerrascht, sinn d‘Biller, déi vu Kënschtlechen Intelligenze „gemoolt“ ginn, dann dach awer ganz eegen. Bréngt eng Maschinn ouni Gefiller, ouni Passé, ouni Bewosstsinn et fäerdeg, genee esou eng Attraktioun an d’Konscht eranzebréngen, wéi den Artist aus Fleesch a Blutt? D’Erwaardungen un d’Technik sinn hei immens héich – mee soll se weiderhin als digitale Medium funktionéieren oder tatsächlech als autonome Schöpfer? Kann d’mënschlecht Aen iwwerhaapt den Ënnerscheed maachen, tëscht enger maschinell-artifizieller an enger mënschlech-artistescher Konscht? Et ginn eng sëllege Beispiller an Aspekter an dëser Diskussioun fir rauszefannen, wéi sech d’ästhetesch Erfarung an dësem Kontext weist a wat Neuronal Netzwierker a K.I. Konscht iwwerhaapt leeschte kënnen.

D'Dr. Nora Schleich beschäftegt sech scho vill Joere mat der Philosophie a virun allem mat der Ästhetik: Wat ass et, wat de Mënsch an hire Bann zitt? Si schreift a fuerscht, a vermëttelt a Virträg an Artikel passionéierend Momenter aus der Philosophie.

Foto: Mary-Audrey Ramirez, Forced Amnesia, Exposvue. Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain, 2024

afterwork aesthetics
Lectures

Gaming & AI

Op Lëtzebuergesch

Gratis Entrée

 

Share